Info-Kanal

Éier eis nei Kappstatioun den 11. Februar 2020 an de Reegelbetrib geet, mussen nach eng etlech Upassunge gemaach ginn. Aus dësem Grond gëtt eisen Kanal „ACT-Info“ op der Frequenz 226,000 MHz net méi ausgestraalt. Ersat gëtt en duerch een neien Infokanal den op 162,000 MHz leeft. Dëse Kanal leeft nach ëmmer nëmmen an enger Testphase. Sollt Dir Problemer beim Ëmstellen hunn, da kontaktéiert w.e.g. ee vun eise Mataarbechter. Weider Informatioune kritt Dir deemnächst an engem Bréif den un all Awunner aus der Gemeng geet.

Eise Kanal fannt Dir am Moment, wann Dir ee manuelle Sich-Laf op ärem Fernseh maacht, op 162,000 Mhz; QAM 256 mat enger Symbol Rate vun 6 875 Ksps. De Sender heescht ACT-Info. (all des Donnéeën kënne sech awer wärend dem Test nach änneren)

Wichteg ass dat Dir kee komplette Sich-Laf op ärem Fernseh maacht, well soss d’Reiefolleg vun all Äre Sender erëm duerchernee gehäit gëtt.

Wann d’Testphase bis ofgeschloss ass, wäerte mir  all eis Memberen per Schreiwes iwwert dësen Info-Kanal informéieren. Déi Memberen déi et net eleng fäerdeg kréien dëse Kanal op hirer Televisioun anzestellen, kënne sech dee Moment un ee Comitésmember vun der ACT wenden. Mir hëllefen dann Äre Fernseh anzestellen.

Iwwert eis Internetsäit wëlle mir Eech iwwert d’Sendezäiten an iwwert d’Inhalter vum Info-Kanal informéieren.

Mat dem Info-Kanal wëlle mir eis Memberen iwwert d’Aktualitéit an eiser Gemeng um Lafenden halen. An der éischter Zäit wäerte mir do Informatiouns-Tafelen als Slide-Show lafe loossen, souwéi  Info-Show’en aus vergaangener Zäit widderhuelen. A wie weess, villäicht gi mëttelfristeg och erëm nei Info-Show’en produzéiert …

Info-Tafelen (Slide-Show):

Op dësen Tafelen wëlle mir eis Memberen informéieren wat an eiser Gemeng leeft. Dofir ka Jiddereen den eppes iwwert eise Kanal publizéiere wëll, eis dëst mat enger Mail un actroisvierges@actroisvierges.lu matdeelen. Pro Veranstaltung ass eng Tafel fir d’Veräiner aus der Gemeng gratis. Och privat Informatiounen, wéi z.B. verlueren Objet’en, entlaafen Déieren, etc. si gratis. Kontaktéiert eis fir weider Informatiounen.

Info-Show: (a lëtzebuergescher Sproch)

Wärend der Testphase lafen al Info-Show’en. Dësen Test-Programm huet eng Laf-Dauer vun +/- 10 Stonnen Stonnen, a fänkt dann erëm vu vir un.

No der Testphase ass geplangt, eis Info-Show’en zu festen Zäiten auszestralen. Dës Zäiten fannt Dir spéiderhin op den Info-Tafelen an hei op eiser Homepage.