Eis Offer

De Präis vum Abonnement

Fir de Präis vun 170€ pro Joer kënnt Dir 95 digital Fernsehsender a 7 verschiddene Sprooche kucken. Ausserdeem kënnt Dir 45 digital Radiosender iwwert eis Gemeinschaftsantenn lauschteren.

170€ pro Joer si 14,17€ de Mount. Mat dësem Präis brauche mir eis virun den aneren Ubidder um Maart net ze verstoppen. Fir dëse Präis liwwere mir d’Signal an d’Wunneng, an do ka jidder Haushalt sou vill Fernseher bedreiwe wéi e wëll.

De Präis vun der Installatioun

Eng nei Installatioun ass gratis, Dir braucht just fir all Fernsehgerät entweder en „CI+ Module“ fir 70,-€ oder een Digitaler Kabelreceiver. Dës kritt Dir bei engem Elektriker de mat ELTRONA zesumme schafft.
Hei am Norde vum Land sinn dat:

  • WEMPERHARDT Electro-Center – 4a, op der Haart – L-9999 WEMPERHARDT
  • WOLTZ Electricité Op der Lann S.A.R.L. – 7a, av. Nicolas Kreins – L-9536 WILTZ
  • WOLTZ Electricité Roger Glodt-Becker – 36, rue de la Fontaine – L-9521 WILTZ

Ab enger gewësser Zuel Fernseher mussen eventuell Verstäerker agebaut ginn, awer dëst ass och nëmmen eng eemoleg Investitioun. Sollte mir an Ärer Wunneng eppes änneren oder nei maache mussen, berechne mir dat mat 25€ pro Aarbechtsstonn pro Mataarbechter. Frot bei eis no – mir maachen Eech gären en onverbindlechen Devis.

Bouquet’en mat weidere Fernsehprogrammer

Bei ELTRONA kritt Dir weider Bouquet’en mat Programmer ze kafen. Dës Programmer gi vun ELTRONA an eist Netz agespeist, a mussen op Ärer Kaart aktivéiert ginn. Weider Informatiounen zu de Bouquet’en kritt Dir bei ELTRONA oder engem Elektriker de mat ELTRONA zesumme schafft. (Déi komplett Lëscht vun dësen Elektriker fannt Dir bei ELTRONA ënnert Revendeurs)